news

Rouspert, Jeunesse an de Progrès verléieren - 01.12.2014

 Rouspert verléiert 0:3 géint den RFCUL, RM Hamm Benfica wënnt 2:1 géint déi Escher Jeunesse a Stroossen iwwerrennt de Progrès Nidderkuer mat 4:2.  



De Progrés Nidderkuer koum zu Stroossen ferm ënner Rieder. De Jager hat Stroossen an der 11. Minutt fréi a Féierung bruecht. An der 63. Minutt hat de Jager souguer op 2:0 erhéijt. Duerno hat de Lourenco mat sengem Doublé (65'./84'.) definitif fir eng Virentscheedung gesuergt. De Progrès konnt de Score nach eng Kéier duerch Poisignon an Thill op 2:4 verkierzen, mee et sollt awer net méi duer goen. Stroossen wënnt um Enn verdéngt mat 4:2.



Den RM Hamm Benfica konnt sech doheem mat 2:1 géint déi Escher Jeunesse behaapten. De Club aus der Éirepromotioun war an der éischter Halschent duerch zwee Goaler vum Stumpf (3'./30'.) mat 2:0 a Féierung gaangen. An der zweeter Halschent hat d'Jeunesse probéiert de Match ze dréinen a konnt an der 51. Minutt duerch den Delgado op 1:2 verkierzen. Duerno sollt sech awer näischt méi um Score änneren. Hamm Benfica deemno eng Ronn weider.



Och Rouspert verléiert géint eng Equipe aus der Éirepromotioun. Géint den RFCUL gouf et eng 0:3 Nidderlag. De Racinger Vairelles mat engem Hattrick (8'./64'./90'.).




Käerjeng konnt sech eréischt no Eelefmeterschéissen mat 6:4 géint Miersch duerchsetzen an d'Fola wënnt ouni Problem 4:1 géint Bissen. De Match Wëntger (D1) géint Etzella (ND) gouf wéinst schlechtem Wieder ofgesot.



Den F91 hat sech schonn e Samschdeg fir 1/8-Finale qualifizéiert. Déi Diddelenger haten hir Aufgab zu Berbuerg méi wéi serieux geholl a waren schonns an der 9. Minutt duerch de Kevin Malget a Féierung gaangen. Keng zwou Minutte méi spéit war et de Sofian Benzouien dee fir eng kleng Virentscheedung gesuergt hat.




No der Paus hat de Julien Jahier mat engem Doublé (53./65.) fir d'Schlussresultat gesuergt.



Méi Krämpes wéi den F91 haten e Freideg Rëmeleng a Munneref. Virun allem d'Minetter hu sech missen zu Schëffleng kräfteg strecke fir schlussendlech knapps mat 1:0 no Verlängerung ze gewannen. Munneref setzt sech bei Mënsbech aus der 2. Divisioun mat 2:0 duerch.






D'Resultater vun de 1/16-Finallen an der Iwwersiicht:



Schëffleng (D1) - Rëmeleng (ND)  0:1

Mënsbesch (D2) - Mondorf (ND)  0:2

Berbuerg (D1) - F91 (ND)  0:4

RM Hamm (EP) - Jeunesse (ND) 2:1

UN Réimech/Bous (D1) - Déifferdeng03 (ND)  1:4

Beggen (D1) - Kanech (ND)  3:4 n.E.

Stroossen (EP) - Progrès (ND)  4:2

Bartreng (D1) - Gréiwemaacher (ND) 1:3

Miersch (D1) - Käerjeng (ND)  4:6 n.E. 

Sandweiler (EP) - Hueschtert (ND)  0:5

RFCUL (EP) - Rouspert (ND)  3:0

Lëntgen (EP) - Wooltz 71 (ND) 1:4

Millebach (EP) - Rodange (EP)  0:4

Hesper (EP) - Lamadelaine (EP)  1:0

Bissen (D1) - Fola (ND)  1:4


Powered by azurCMS