news

2.Equipe vum Progrès Champion vun der 2. Klass - 22.05.2014

Duerch een iwwerzeegenden 10:0 Erfolleg vun eiser 2ter Equipe um virleschten Spilldag vum Senior 2 Championnat géint d'Millebaach, konnt eis 2.Equipe sech virzäiteg den Championstitel vun der 2.Klass 2ten Bezierk sécheren.  No enger Saison Abstinenz ass domat, der vum Steve Kerger trainéierter Equipe, den direkten Opstig an di éischt Klass gelongen. Mat elo 7 Punkten Avance op Bieles an enger Goaldifferenz vun +65 ass hinnen den Titel net méi ze huelen. E groussen Respekt fir Spiller, Trainer an Staff fir dës fantastesch Leeschtung. Dëst em esou méi, wann een weess, dass et net ëmmer einfach ass di néidesch Spiller zesummenzekréien oder bei der Staang ze halen. An deem Sënn....Progressiv no vir !


Powered by azurCMS