historique

D’Joeren 1993 bis 2004 

Saison 2003 / 2004


Président: SOSSON Roger
Eirenprésident: LAHURE Jean-Pierre
1. Vizeprésident: LAHURE Fred
2. Vizeprésident: ENGEL Alain
Secrétaire : FERREIRA Ana
Caissier: GORZA Gelin
Membren: BESCH John, COOS Erny, FICKINGER Alain, KRIPPLER Roger, SCHEUER Roland, SCHLÜTER Cyril, SCHMIT Marci, SCHMITZ Jeng, VALENTIN Louis.

Um sportleche Plang huet sech dëst Joer Liicht a Schiet ofgewiesselt. Den Trainer CLEMENT Mich gouf virun der Wanterpaus duerch den MOND Jang ersat , deen dann no der Paus duerch den BOSSI Henri remplacéiert gouf . Mer konnten , trotz enger relativ jonker Équipe, mat uewe bäihalen a mer hun Saison op der 5 . Plaz mat 40 Punkten an enger Gooldifferenz vun 58 zu 57 ofgeschloss.

An der Coupe goufe mer am 1 . Tour zu Haarel mat 10-9 no Eelefmeeter éliminéiert . Eis Damme gewannen hiren 6 . Championstitel hannerteneen , an hu sech mussen an der Coupefinal der Ettelbrécker Etzella leider mat 4-3 geschloe ginn .
Am Summer 2003 gouf Coupe vun eisem fréiere Secretaire an Eirensecretaire , dem SOSSON Lucien gespillt.
Am Oktober 2003 as och endlech eng Flutlichtanlag op eisem Terrain installéiert gin.

Fir déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht gëtt um Terrain vum FC Progrès en Open-Air Concert ofgehalen . Um administrative Plang wor et zënter laangem erëm roueg ronderëm de Progrès.

 

Saison 2002 / 2003


Président: LORGÉ Jean
Eirenprésident: LAHURE Jean-Pierre
1. Vizeprésident : SANTINI René
2. Vizeprésident : ENGEL Alain
Secrétaire : STEINBACH Remy
2. Secrétaire : WELTER Marie-Louise
Caissier : MÜLLER Fränz
2. Caissier : BESCH Johny
Membren: KRIPPLER Roger, SCHEUER Roland, SCHMITZ Jeng, SOSSON Roger, WINTRINGER Arthur an COOS Erny (co-opté)

Um sportleche Plang ass et net esou gudd gaang , well mer hate virum Play-off dermaassen Retard , op den zweetleschten a mer konnten eis Plaz an der Nationaldivisioun net halen.

An der Coupe koume mer bis an 1/8 Final , wou mer 6-0 op der Union verluer hunn . Och dëst Joer koum de Progrès net zu Rou , well den Trainer MEUNIER Hubert huet schonn no e puer Matcher opgehal. Säin Ersatz , den FEYDER Aly , huet och schonn no enger kuerzer Zäit opginn an den CLEMENT Mich an den WILHELM Lex hunn d’Rudder u sech gerass.
Eis Damme huele fir zweet den Doublé op Nidderkuer.

Den halwe Comité huet am Dezember seng Démissioun gin , an et gouf eng ausseruerdentlech Generalversammlung aberuff , wou den SOSSON Roger als neie Président an den LAHURE Ferd als 1 . Vizeprésident gewielt ginn.

Den 11 . August ouf d’Coupe vun eisem fréiere Masseur BORDEZ Roger gespillt .

Saison 2001 / 2002


Président: OLK Paul
Eirenprésident: LAHURE Jean-Pierre
1. Vizeprésident : SANTINI René
2. Vizeprésident : BOSSI Henri
3. Vizeprésident : ENGEL Alain
Secrétaire : STEINBACH Remy
Caissier : ZOENEN Aly
Membren : SCHEUER Roland, SCHLÜTER Cyril SCHMITZ Jeng, JACOBY Marcel, BERNARD Romain, MÜLLER Fränz.

Nodeem de Veräin massiv Transfèren gemeet hat , ass et dorëms gaange fir eis Plaz an der Nationaldivisioun zu secheren . Am reguläeren Championat konnte mer déi 10 . Plaz erreechen a mer hate virum Play-off eng Avance vun 7 Punkten op Ettelbréck . De kapitale Match op der Etzella konnte mer 3-3 spillen a mer konnten eis op e weidert Joer an der iewe-schter Divisioun freeën.

An der Coupe goufe mer an der 1/8 Final vun der Spora mat 4 zu 0 éliminéiert . Eis 2 . Équipe verpasst em ganzer 6 Goaler de Champion an der 1 . Classe.

Eis Damme ginn ewéi gewinnt Champion a gewannen och nach Coupe-finale . An dach goufen et keng roueg Zäiten am Club.
Den BOSSI Henri démissionéiert als Trainer a gëtt U21-Nationaltrainer, esou dass den Duo THEIS/DEVILLE et Saison fäerdeg mëcht .

No Onstëmmegkeeten , hält den OLK Paul als Président op . Eng ausseruerdentlech Generalversammlung gëtt fir de Juli aberuff . Den 15 . Juli 2001 hu mer Coupe FICKINGER Henri gespillt.
Eis nei Pressekabine gouf vun eisem Sponsor WAKO opgericht.

 

Saison 2000 / 2001


Président: STEINBACH Remy
Eirenprésident: LAHURE Jean-Pierre
1. Vizeprésident : BOSSI Henri
2. Vizeprésident : SCHLÜTER Cyril
3. Vizeprésident :  ENGEL Alain
Generalsécretaire : STEINBACH Remy
Caissier : ZOENEN Aly
Membren : NEJUS Jerry, OESTREICHER Marc, WELTER Marie Louise, BERNARD Romain, SANTINI René, MULLER Fränz.

Endlech Nationaldivisioun ! No enger 10-järeger Abstinenz ass et eiser 1. Équipe gelong nees an d’Nationaldivisioun ze klammen. Mat enger gudder Mëschung an der Équipe vu Jonk an Aal, ewéi zum Beispill den BOSSI Marcel, deen an der Rëckronn mat net manner ewéi 40 Joer et Fussballschong nach eng kéier ugedoen huet, ass dat, u wat kee méi gegleeft hat, dach nach agetratt.

Vum Ufank vun der Saison uns hate mer mat fir bäi gespillt a mer konnten op déi zweet Halschent vum Championat gespaant sinn. De Swift HESPER, deen dat Joer praktesch ouni Konkurrenz gespillt huet, wor di ganz Saison iwwer Leader an der Éirenpromotioun. Mam Progrès, hunn nach d’Spora, Hamm, an den Opsteiger Rouspert em déi zweeten Plaz an der héchsten Divisioun gespillt.

Nodeems mer heiheem géint Spora ee ganz wichtege Match verluer haate (5-1) huet kee méi esou richteg un den Opstieg gegleeft, well an deem Moment HAMM eng komfortabel Avance op eis hat, an mer konnte ganz ouni Drock spillen.

Den PROGRES huet dono bis zum zweetleschte Match géint ROUSPERT kee Spill méi verluer, wat ee vun den direkte Konkurrenten net konnt behaapten, an op eemol woar déi zweete Plaz an eisen Hänn. Zu ROUSPERT goung et do em d’Wurscht an duerch ee wonnerschéine Wäitschoss vum ARAUJO Miguel, konnte mer den ganzen Asaz mat op Nidderkuer huelen.

Et Freed woar immens an de Wee am Bus fiir op Nidderkuer wor eng gelleg Himmelfahrt. Mir hunn daat Joer de Championnat op der 2. Plaz ofgeschloss mat 51 Punkten an enger Gooldifferenz vun 41-31.

An der Coupe de Luxembourg konnte mer bis an 1/8 Final stoussen, wou mer ongléckleg géint den F’91 mat 2-1 ënnerleeë woren.

Eis Damme goufen dat Joer fiir drëtt hannertenee Champion, an daat mat 57 Punkten an enger Gooldifferenz vun 126 zu 10.

An der Generalversammlung gouf den OLK Paul als neie President gewielt, no deem den STEINBACH Remy seng Kandidatur net méi gestalt huet. Als 2. Vizepresident gouf den SANTINI René gewielt.

Am Mäerz 2001 huet eisen laangjärege Masseur an gudde Frënn, den BORDEZ Roger eis fir ëmmer verlooss.

 

Saison 1999 / 2000


Président: STEINBACH Remy
Eirenprésident: LAHURE Jean-Pierre
1. Vizeprésident : VALENTIN Louis        
2. Vizeprésident : HOPP John
3. Vizeprésident : ENGEL Alain
Eirengeneralsécretaire : SOSSON Lucien
Generalsecrétaire: STEINBACH Remy
Caissier: ZOENEN Aly
Membren: BECKER Norbert, SCHEUER Roland, SCHMITZ Jeng, SCHLÜTER Cyril, MAISCH Marc, SCHERER Marie-Louise, WILL Marcel, WINTRINGER A.

Betreffend de Championat am 80 . Bestehungsjoer vum FC Progrès huet eis 1 . Équipe erëm am gesonde Mëttelfeld ofgeschloss a mer hunn eis weder Gedanke fir den Opstig , nach fir den Ofstig brauchen ze maachen.

An der Coupe de Luxembourg hu mer am éischten Tour géint de Red-Black mat 3-1 gewonn an uschléissend zu Biissen mat 6 zu 2 . An der 1/16 Final hu mer missen op Reisduerf fueren , wou mer eng 3 zu 2 Néierlag hu missen astiechen.

Am August 1999 hu mer et Coupe vun eisem verstuerwene Spiller a Kolleg NURENBERG Sven gespillt . Eis Damme goufen nees Champion an hate mat Rëmeleng en haarde Géigner em den Titel . Op der Generalversammlung am Februar 2000 goufen den BOSSI Henri als éischten an den SCHLÜTER Cyril als zweete Vizepresident gewielt.

Eisen Eirensecrétaire , den SOSSON Lucien , verstierft am Januar 2000.

 

Saison 1998 / 1999


Président : SOSSON Roger
Eirenprésident : LAHURE Jean-Pierre
1. Vizeprésident : VALENTIN Louis
2. Vizeprésident : HOPP Johny
3. Vizeprésident : ENGEL Alain        
Eirengeneralsécretaire: SOSSON Lucien    
Generalsécretaire: STEINBACH Remy
Caissier: ZOENEN Aly
Membren: BECKER Norbert, SCHEUER Roland, SCHMITZ Jeng,SCHERER Marie-Louise, WILL Marcel, WINTRINGER Arti.

Joer hat net gudd ugefaange fir den FC Progrès Nidderkuer , well de President SOSSON Roger am Juni seng Démissioun eragereecht hat. De Veräin gouf do vum 1 . Vizepresident dem Louis VALENTIN geleet. Ausserdeem huet den Trainer BOSSI Henri de Veräin verlooss , fir Jugendtrainer an der FLF ze ginn . Hie gouf ersat duerch den Benny REITER.

Um sportleche Plang hate mer erëm gudd ugefangen an am 2 . Deel vum Championat erëm ofgebaut , esou dass mer op der 7. Plaz mat 36 Punkten ofgeschloss hunn a mat enger Gooldifferenz vun 43 zu 36. 

Eis Dammen hu fir déi éischte Kéier erëm um Championat deel geholl a goufen direkt ongeschloe Champion mat 70 Punkten an enger Gooldifferenz vun 193 zu 11 . Ausserdeem goufe si Haalemeeschter. Op der Generalversammlung am Februar 1999 gouf de STEINBACH Remy neie President vum FC Progrès . De FICKINGER Henri , fréiere Spiller , verléisst eis fir ëmmer am Abrëll 1999.

 

Saison 1997 / 1998


Président: SOSSON Roger
Eirenprésident: LAHURE Jean-Pierre
1. Vizeprésident: VALENTIN Louis
2. Vizeprésident: ENGEL Alain
3. Vizeprésident: HOPP Johny
Eirengeneralsécretaire: SOSSON Lucien
Generalsécretaire: STEINBACH Remy
Caissier: ZOENEN Aly
Membren: SCHEUER Roland, SCHMITZ Jeng, WILL Marcel an WINTRINGER Arti.

Eis 1 . Équipe huet de Championat an déier Saison op der 9 . Plaz ofgeschloss mat engem total vun 32 Punkten an enger Gooldifferenz vun 35 zu 42 . An der Coupe de Luxembourg ware mer bis an 1/8 Finalë virgedronge wou mer eis der Union Lëtzebuerg hu misse geschloe ginn ,no deem mer an der 1/16 Final den Nationaldivisounär Wolz erausgeheithaten .

Mä den FC Progrès huet dat Joer méi Opmierksamkeet an de Medien erreecht duerch eng Rei Konflikter déi sech intern zougedroen hunn, ënner anerem déi Affaire “ Härenéquipe ” , déi dach fir vill opsees gesuergt huet .

Schwéier getraff goufe mer vum trageschen an onnëtzen Doud vun eisem Spiller Sven NURENBERG , deen eis am jonken Alter vun 20 Joer verlooss huet .

 

Saison 1996 / 1997


Président : SOSSON Roger          
Eirenprésident : LAHURE Jean-Pierre       
1. Vizeprésident : VALENTIN Louis       
2. Vizeprésident : ENGEL Alain        
3. Vizeprésident : HOPP Johny        
Eirengeneralsécretaire: SOSSON Lucien    
Generalsécretaire: STEINBACH Remy       
Caissier: ZOENEN Aly           
Membren: JAEGER Roger, SCHEUER Roland, SCHMIT Marci, SCHMITZ Jeng, WILL Marcel an WINTRINGER Arti.

Um sportleche Plang huet sech an der Saison 96/97 Liicht a Schiet ofgewiesselt . Ware mer am Februar mat fir bei an hunn esou guer mat Momenter un den Opstig geduecht , sou hu mer an der Rëckronn Konschtstéck fäerdeg bruecht , fir kee Match méi zu gewannen a mer si mat Ach und Krach op 1 Punkt an der Éirepromotioun dra bliwwen . Dat bedingt duerch eng Verletzung vun eisem Kapitän BOSSI Marcel , wouduerch mer kee Fouss méi op de Buedem kruten .

Den FC Progrès schléisst of op der 8 . Plaz mat 32 Punkten an enger Gooldifferenz vun 41 zu 46 .

Am Summer vun deem Joer hu mer Coupe vun eisem fréieren , leider vill ze vill fréi verstuerwene Goalkeep Vic SCHAEFFER , deen zu den “ Helden ” vu Madrid gehéiert hat , gespillt .

 

Saison 1995 / 1996


Président: SOSSON Roger
Eireprésident: LAHURE Jean-Pierre
1. Vizeprésident : VALENTIN Louis
2. Vizeprésident : ENGEL Alain
Eirengeneralsécretaire: SOSSON Lucien
Haaptsécretaire: STEINBACH Remy
Caissier: ZOENEN Aly
Membren: BOSSI Henri, GIAMPELLEGRINO Henri, JAEGER Roger, SCHEUER R., SCHMITZ Jeng,WINTRINGER Arti.

Um sportleche Plang hu mir dat Joer keng grouss Leeschtunge vollbruecht . Nodeem den Trainer TRAVERSINI Roby schonn no 2 Spilldeeg duerch de Mich CLEMENT ersat gouf , konnte mer bis an den Abrëll Kontakt zu deenen éischte Platzen halen . Dono ass esou ofgebaut ginn , dat mer op déi 8 . Plaz zeréckgefall sinn a mat 35 Punkten a mat enger Gooldifferenz vun 45 zu 48 ofgeschloss hunn .

An der Coupe de Luxembourg goung et besser a mer konnte bis an 1⁄4 Final ropstousse wou mer relativ onglécklech vun der Red-Boys éliminéiert goufen .

Am Laf vum Joer huet eis ee vun de Grënnungsmembere vum FC Progrès , de Marcel SCHARLE , fir ëmmer verlooss , grade sou wei de LAHURE Vic , dee fréiere Comitésmember a Spiller war .

 

Saison 1994 / 1995


Président : SOSSON Roger    
Eirenprésident : LAHURE Jean-Pierre
1. Vizeprésident : VALENTIN Louis
2. Vizeprésident: THEISEN Marc
3. Vizeprésident: ENGEL Alain
Eirengeneralsécretaire : SOSSON Lucien
Haaptsécretaire: STEINBACH Remy
2. Secrétaire: NURENBERG Astrid
Caissier: ZOENEN Aly.
Membren : CASTRO Jean,FABERJean,FICKINGER Guy, GIAMPELLEGRINO Henri, JAEGER Roger, LAUX Fernand, SCHEUER Roland, SCHMITZ Jeng, WILL Marcel an WINTRINGER Arti.

No enger enttäuschender Saison huet eis 1 . Équipe an der Éirepromotioun op der 6 . Plaz ofgeschloss mat 29 Punkten an enger Gooldifferenz vun 45 zu 41 . Genau esou wei dat leschte Joer , koume mer an der Coupe de Luxembourg net iwwert den 1 . Tour eraus .

Dëst Joer stoung ganz am Zeeche vum 75 Anniversaire vum Club , dee mat engem Tournéier mat de Veräiner vun der Red-Boys , dem F’ 91 Diddeleng an Suessem op een Enn gaangen ass . Mam Philippe FELGEN verléisst een mat deenen talentéiersten Goalkeeper aus dem Land de FC Progrès op d ’ Escher Jeunesse .

Am Laf vum Joer stoung den trageschen Doud vun eisem fréiere Goalkeep , de Vic . SCHAEFFER am Mëttelpunkt , dat duerch een tragescht Autosaccident.

 

Saison 1993 / 1994


Président : SOSSON Roger    
Président représ. : WEIDES Norbert
Eirenprésident : ERPELDING Marcel
1. Vizeprésident : LAHURE Ferd.
2. Vizeprésident: THEISEN Marc
Generalsécretaire: STEINBACH Remy
Techneschen Secrétaire: NURENBERG Astrid
Caissier: ZOENEN Aly.
Membren : CASTRO Jean, COOS Erny, FABER J., JAEGER Roger, LAUX Fernand, SEYLER Fernand, VALENTIN Louis, WELTER Paul.

Eis 1 . Équipe huet all seng Unhänger eng Enttäuschung bereet , well si de Play-Off fir der Opstig an d ’ Nationaldivisioun verpasst huet, do duerger , dass d ’ Équipe huet missen nei forméiert ginn . Mir hunn dat Joer op der ondankbarer 5 . Plaz ofgeschloss , mat 19 Punkten an enger Gooldifferenz vun 41 zu 31 . Dat huet mat sech bruecht , dass den Trainer BACK Guy virum Play-Off fir den Oofstig démissionéiert huet an duerch den TRAVERSINI Roby ersat gouf .

Den Ofstigsgrupp hu mer do regelrecht dominéiert an op der 1 . Plaz ongeschloen ofgeschloss mat engem total vun 18 Punkten an enger Gooldifferenz vun 30 zu 12 .

An der Coupe de Luxembourg ass et och net esou gudd gelaf , well mer hunn am 1 . Tour schonns Segel gestrach , an dat mat enger Néierlag mat 4 zu 2 géint Hollerech .

 

Powered by azurCMS